Cartoonale
1. Forum an Ausstellung fir Cartoonisten a Karikaturisten; Eemol am Joër fannen sech bekannten a manner bekannte, jonk a manner jonk Cartoonisten a Karikaturisten zesummen, fir Zeechnungen zu engem bestemmten Thema auszestellen. Dëst Joër heescht d'Thema "Léieren - e Liewe laang?" aus Ulass vum Europaischen Joer vum lieweslaangen Léieren. D'Kiischpelter Cartoonale adresséiert sech un all talenteiert Cartoons-a Karikaturenzeechner, net nëmmen vu Lëtzebuerg.
2. Nowuessconcours; Fir jonk Zeechner tescht 15 a 25 Joer leeft een Nowuessconcours fir Jonker ze motivéiren. Den 1. Praiss vum 96er Nowuessconcours geet un de Serafim Pinho (1973) a Stephane Schuh (1975). Den 2. Praiss get un den David Gautier (1974). E Spezialpraiss gët un eng Klass vum Mierscher Lycée: d' 8eme TE5, déi den Thema Karikatur a Cartoons am Zeechenunterricht behandelt hun.
3. Special-Guest-Cartoonisten Niewend Zeechner vu Lëtzebuerg gin der och aus dem noen Ausland invitéiert fir d'Begeignung mat anere Leit ze maachen, déi diselwescht Leidenschaft deelen. Dëst Joer gin als Guest-Cartoonisten viirgestallt; den Vincent Dubois (1967, Breissel) an den Burkhard Mohr (1959, Bonn).
4. De Flautert: Am Kader vun der Ausstellung gët een Katalogheft mat humoristeschen Zeechnungen an Texter erausgin, genannt "De Flautert". Dës Publikatioun as an de Kiosken an am Bicherhandel arhältlech oder kann durch Iwwerweisung vun 300 LUF op de BCEE-Kont: 4600/0091-9 bestallt gin.
6. Promotioun vum Catoon: Am Kader vum Méigechen probéiert d'Kiischpelter Cartoonale hir Zeechner bekannt ze maachen an ze förderen durch;
-Vermëttlung vun Zeechner fir kommerziell Zeechenoptreg
-Informatiounsstänn op Foiren
-aner Aktivitéiten wéi Visite vu Muséen mat satirescher Konscht
- Kontakt ophuelen mat Sammler...
-Initiatiounscours'en fir Leit, dei gären Cartoons-Zeechnen léiere wëllen.
|
Created: november 94. |
Updated: 23.06.96. |
Credits: Click here |
Comments: fumanti@men.lu |
|||